Konst, Kultur a Natur PUR.

De Konstfestival, ee Kulturevent ënner fräiem Himmel. Een Erliefnis fir déi ganz Famill.

Vernissage

14 Juni 2024

19.00 Auer
Lellgen-Henksescheier

Expos

16 Juni 2024

14.00-17.00 Auer
Lellgen

Konstfestival

23 Juni 2024

11.00-19.00 Auer
Lellgen

Ofschloss

29 Juni 2024

17.00 Auer
Lellgen-Henksescheier
Alt Text

STREET ART

Kënstlerich Performancen, Akrobaten, Stroossentheater, Zirkuskonst, Musiksgruppen, mat enger Virléift fir Bloskapellen an éischter atypisch Kënstler, souwéi interaktiv Installatioune begleeden de Besicher op sengem  Parcours duerch Lellgen.
Méi doriwwer
Alt Text

EXPOS

Eng Rei Ausstellungen am ganzen Duerf waarden drop vum Besicher entdeckt ze ginn a lueden op eng Rees an d’Welt vun de Faarwen, Skulpturen a Fotografien an. National an international Artisten presentéiere sech um Konstfestival oft eng éischter Kéier dem Public.
Méi doriwwer
Live-Concours

LIVE-CONCOURS

Ronn 100 Kënstler huelen all Joer um Live-Concours deel a bidden dem Public déi eemolig Geleeënheet, hinne beim Entstoen vun hire Wierker iwwer d’Schëller ze kucken. De Jury vun dësem Concours ass de Visiteur selwer, deen unhand vun enger Tiercéskaart seng Favoritten aussicht.

Méi doriwwer
0
Visiteuren
0
Fräiwëlleger
0
Partner
0
Editioun

Engagement fir d'Nohaltegkeet.

Ekologie, Offallgestioun, Energie, verantwortungsbewosste Konsum, kuerz Weeër, Engagement an der Regioun, ... Solidaritéit.

Säit enger Rei Joren engagéiere mir eis de Festival vun Editioun zu Editioun an dësen Aspekter ze optiméieren a sou eisen Impakt op d'Ëmwelt ze reduzéieren. Mir zielen op Eech!
Regional Produkter
Regional Produkter
Ee Maximum vun de Liewensmëttel kafe mir direkt bei de lokale Produzenten oder an der Regioun.
Gratis Drénkwaasser
Gratis Drénkwaasser
Zu Lellgen bidde mir op méi Plazen Zapsaile mat frëschem Drénkwaasser un. Denkt also un Är Fläsch :)
Mobilité douce
Mobilité douce
Mir encouragéieren eis Besicher den ëffentlechen Transport ze notzen a bidden Navetten un.
Antigaspi Label

Antigaspi Label

Mir droen den Antigaspi Label vum Ministère fir Landwirtschafts.  Et geet drëms just ee Minimum u Liewensmëttel ewech ze geheien.
Offall reduzéieren

Offall reduzéieren

Den Offall hu mer ob ee Minimum reduzéiert, zb. ginn et keng Plastiksfläschen oder Gadgeten.
Recycling

Recycling

Gedrénks gëtt um Site just am Glas, Iesse just a recyclabeler Verpackung zerwéiert. Verpackungen déi beim Op-an Ofriichten entstinn gi recycléiert.

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

© Open Air Konstfestival asbl | designed by Memory