See PRO edition

Wat ?

D'Karikatur, déi baséiert op d‘Deformatioun vun engem Sujet oder engem Objet, erschéngt an der Renaissance an Italien als spezifesch Art vu Konscht a verbreet sech dono op der ganzer Welt. Oft humorvoll oder lëschteg, stellt d‘Karikatur d'Prinzipie vun der traditioneller Representatioun a Fro, an dréit esou duerch seng eege Forme vun Ausdrock zur Entwécklung vun der Konscht bäi.

D‘Wuert Cartoon gouf an den 1840er Joren iwwer Parodië vu Fresken an der Abtei Westminster an d’Liewe geruff. Séier sinn  an deenen engleschsproochege Länner, d‘Begrëffer Cartoon a spéider Comicstréifen, oder souguer, a franséischsproochege Länner, d'Konscht vun de Comic-Hefter opgetaucht. Spéider am 20. Joerhonnert, a besonnesch an de Vereente Staaten, gouf de Begrëff Comic och benotzt fir op Zeechentrickfilmer ze verweisen.

Zousätzlech zu der perséinlecher Kreatioun vun engem artistesche Wierk, huet dëse Konstatelier als Zil déi jonk Participante mat engem humoristeschen Typ vu Konscht vertraut ze maachen, woubäi d‘Konschtwierk, mat oder ouni zousätzlechem Text, fir Spannung suergt a besonnesch zum Nodenken a Laachen ureegt.

Wou a wéini ?

Den 23. Juni 2019 vun 11.00 bis 17.30 Auer um Open Air Konstfestival zu Lellgen.

Wat gëtt alles gebueden ?

Ee Konstatelier zum Thema Karikatur-Cartoon fir Kanner, vu 10 bis 17 Joer, ënnert der Leedung vum Ingo Schandeler a vum Christophe Poissonnier vu CartoonArt. Den Atelier gëtt op Lëtzebuergesch a Franséisch gehalen.

No enger kuerzer Aféierung an d'Grondsätz an d’Ausdréck vun der Konscht vu Karikatur- a Cartoonkonst, begleeden d'Kënschtler déi jonk Participante vun der Iddi bis zur eegener Kreatioun vun enger Karikatur/engem Cartoon.

Déi am Verlaf vum Atelier entstane Wierker ginn an de Concours « Art Academy » opgeholl an d’Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni bestëmmen dann déi schéinst Wierker dorënner. Déi éischt, zweet an drëtt Plaz bei dëser Ofstëmmung gi mat engem Präis ausgezeechent. D’Präisiwwerreechung fënnt de Samsdeg, 29. Juni 2019, um 19.00 Auer zu Lellgen an der Hencksescheier statt. Zu dëser Geleeënheet kënnen dann och alleguer d’Participante vum Konstatelier déi entstane Wierker ofhuelen.

Präis ?

85 € fir d’Animatioun an d’Betreiung vun 11.00 bis 17.30 Auer, do si Material esou wéi ee Mëttegiessen a Gedrénks abegraff. D’Bezuelung ass fälleg esoubal ewéi d’Umeldung ofgeschloss ass.

Wéi geet d’Umeldung ?

D’Aschreiwung ass hei um Site bis spéitstens den 6. Juni 2019 méiglech. Weider méi detailléiert Informatioune loosse mir Iech no der Aschreiwung zoukommen. Aus organisatoresche Grënn géife mir Iech bieden är Kanner nëmmen dann unzemellen, wa si um kompletten Konstatelier vun 11.00 bis 17.30 kënnen deelhuelen.

Agenda 2020

Vernissage
Freidig, 19. Juni

Expos
Sonndig, 22. Juni

Open Air Konstfestival
Méindig, 23. Juni

Oofschloss
Samsdig, 27. Juni

 
      Gemeng Kiischpelt 

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.