Duerch d'Notzung vun dëser Websäit erkläert dir Eech averstanen, datt mir Cookien notzen. Dës hëllefen eis Är Benotzer-Experienz ze verbesseren. Méi dozou

See PRO edition

 

COVID-19 // Ofso Open air Konstfestival 2020

Léif Frënn vun der Konst, vum Kiischpelt a vum Open air Konstfestival,

Mir hoffen et geet Eech alleguerte gutt - et gëtt an der aktueller Situatioun näischt méi Wichtiges ewéi d’Gesondheet. Leider muss den 30. Anniversaire vum Open air Konstfestival dofir och waarden.
An Ubetruecht vun der aktueller Entwécklung vun der COVID-19-Pandemie, an der Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung, all Manifestatioune bis den 31. Juli ze ënnersoen, gesäit den Organisatiounscomité sech verflicht d’Editioun 2020 ofzesoen.

Mir soen Eech Merci fir Äert Versteesdemech, an an der Hoffnung Eech nächst Joer um 30. Open air Konstfestival zu Lellgen begréissen ze däerfen.
Bei Froe sti mir Eech jidderzäit gären zur Dispositioun. Weider Informatiounen zum Virus an der aktueller Situatioun fannt Dir op der Websäit vun der Regierung - www.coronavirus.gouvernement.lu

  • Agenda

    D'Editioun 2020 vum Open Air Konstfestival fënnt statt op Nationalfeierdag, den 23. Juni 2020 vun 11.00 bis 19.00 Auer. Donieft sënn d'Expoen och Sonndes de 21. Juni a Samsdes de 27. Juni fir de Public op.

  • Location

    Den Open Air Konstfestival fënnt zu Lellgen am Kiischpelt statt. Wéi Dir am besten op Lellgen kommt fannt Dir hei.

  • Ëffentlichen Transport

    Lellgen ass optimal mam ëffentlichen Transport ze erreechen. All Stonn gëtt et eng Verbindung Lëtzebuerg – Wëlwerwolz a Wëlwerwolz – Ëlwen. Vun der Gare aus fiert ee gratis Shuttlebus vu Wëlwerwolz op Lellgen (1km). Horairen ob www.cfl.lu

  • Parking

    Ronderëm d'Uertschaft sënn Parkingen ugeluecht. Lellgen ass vun do zu Fouss oder mat enger Navette ze erreechen (+-500m).

  • Catering

    Op deene verschiddene Siten am Duerf krëtt Dir ganz diversifiéiert Platen ugebueden. Heibäi probéiere mir sou vill wéi méiglich an der Regioun anzekafen. Näischt hënnert Eech awer drun Eech Äre Picknick matzebréngen.

  • Offall

    Gedrénks gëtt um Site just am Glas, Iesse just a recyclabeler Verpackung zerwéiert. Iwwerall am Duerf fannt Dir faarweg Drecksbacke fir ären Offall ze sortéieren. Hëlleft eis fir zesummen sou vill wéi méiglich kannen ze recycléieren.

  • Entrée

    Den Entreespräis ass 8 € pro Persoun. Kanner a Jugendlicher bis 16 Joer së fräi.

  • Contact

    Open Air Konstfestival asbl
    5, op der Gare
    L-9776 Wëlwerwolz
    Tel: (+352) 92 06 63
    E-mail: info@konstfestival.lu

 Open air

Konstfestival 2020

cancelled !

 
      Gemeng Kiischpelt 

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.