Zil vun dësem Concours ass d’Realisatioun vun engem Visuell fir d’Promotioun vum open air KONSTfestival 2023, dee vum 16. bis de 25. Juni 2023 statt fënnt. D’Kommunikatioun vum Event leeft haaptsächlech iwwer Affichen, Flyeren a Programmer, souwéi via d'sozial Medien an eise Website.
De Gewënner vun dësem Concours kritt ausserdeem d’Méiglichkeet seng Wierker an enger Expo am Kader vum nächste Festival auszestellen.
De Concours ass op fir Jiddereen. Är Propositioun muss Dir virum 15. Dezember 2022 per Mail info@konstfestival.lu era schécken. All Participant ka maximal 3 Wierker presentéieren.
E puer kleng Uweisungen :
- Déi proposéiert Biller oder Grafike musse perséinlech Kreatioune sënn, ouni Notzung vu scho bestoende Wierker. Zudeem mussen d’Wierker fräi vu Nëtzungsrechter sënn.
- D’Membere vum Organisatiounscomité vun der Association Open Air Konstfestival asbl wielen de Gewënner an der éischter Reunioun no der Clôture vum Concours.
- Déi presentéiert Wierker sollen optimalerweis am Format Portrait ugeluecht sënn.
- D’Participatioun vum Concours ass gratis.
Mir freeën eis op är Proposen. Bonne Chance u jiddereen.
Affiche vun de leschten Editiounen
Affiches
KF_Affiche_2019.jpg
https://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2019.jpg
KF_Affiche_2018.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2018.jpg
KF_Affiche_2017.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2017.jpg
KF_Affiche_2016.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2016.jpg
KF_Affiche_2015.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2015.jpg
KF_Affiche_2014.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2014.jpg
KF_Affiche_2013.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2013.jpg
KF_Affiche_2012.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2012.jpg
KF_Affiche_2011.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2011.jpg
KF_Affiche_2010.jpg
http://www.konstfestival.lu/images/Affiches/KF_Affiche_2010.jpg