Fir een Dag verwandelt dat klengt Ardennerdierfche Lellgen sech erëm an eng lieweg a faarwefrou Galerie ënner fräiem Himmel. Anzwëschen iwwer d’Grenze vun eisem Land eraus bekannt, zitt de Festival all Joer ronn 5.000 Visiteuren un.
Ee prall gefëllte Programm, mat 100 Kënstler déi op der Plaz schaffen, Strossekënstler, Strossentheater, Walkacts an interaktiven Ateliere fir déi Kleng mécht de Konstfestival zu engem Erliefnis fir Jonk an Al.
De Live-Concours ass dotéiert mat attraktive Präisgelder, der Auszeechnung "Kiischpelter Lorblumm", souwéi dem Prix de la commune Kiischpelt.
De Kënstler gëtt d’Méglichkeet gebueden, hir Kreativitéit zur Geltung ze bréngen, hiert Kënnen op der Plaz ze demonstréieren, hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen, souwéi Gläichgesënnten ze begéinen a mat engem konstinteresséierte Publikum a Kontakt ze trieden.
De Jury bei dësem Concours ass de Publikum. All Visiteur vum Festival kann unhand vun enger Tiercéskaart seng dräi Favoritten auswielen. Zougelossen Techniken sënn Bleistëft, Aquarell, Acryl, Ueleg a Pastell, souwéi Skulpturen aus Metall, Holz a Steen.
Nëmmen dat Wierk wou op mannst 4 Stonnen op der Plaz dru geschafft gëtt, ass fir de Concours zoulässeg.
D'Umeldung fir de Live-Concours ass am Viraus just online méiglich. Dir hutt awer zudeem d'Méiglechkeet Eech den 23. Juni bis 11.00 Auer op der Plaz unzemellen. D'Participatioun um Live-Concours ass gratis.