Save the date: 23. Juni 2024 – 𝗢𝗽𝗲𝗻 𝗮𝗶𝗿 𝗞𝗼𝗻𝘀𝘁𝗳𝗲𝘀𝘁𝗶𝘃𝗮𝗹 𝗘𝗱𝗶𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻 𝗻°𝟯𝟮
Vergeesst net den Datum an Ärem Kalenner fett ze markéieren a klicjt durch eech durch eis Websäit fir all Infos zum Programm 🎨. Mir gesinn eis Nationalfeierdag zu Lellgen ☀️🤩
Mir presentéieren 𝗱'𝗔𝗳𝗳𝗶𝗰𝗵𝗲 𝘃𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗿 𝗘𝗱𝗶𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻 𝟮𝟬𝟮𝟰. Aus deene 50 Proposen déi mer eragereecht kruten, ass d'Wiel op ee Wierk vum Kristina Mygul gefall. Gratulatioun un d'Gewënnerin🤩 Ee grousse Merci un all Kënstler déi un eisem Concours deelgeholl hunn.
D'Umeldung fir de Live-Concours den 23. Juni ass op. Maacht mat op dësem eemolege Concours a präsentéiert dem Public Äert Talent. D'Besicher vum Festival iwwerhuelen d'Roll vum Jury. Mir freeën eis op eech! 🤩
Mir sënn iwwerwältegt🤩🤩 50 Kënster hu bei eisem Concours fir d'Plakat 2024 matgemaach an hier Wierker ragereecht. Ee 𝐫𝐢𝐬𝐞𝐠𝐞 𝐌𝐄𝐑𝐂𝐈❗️ Ufank vum neie Joer wäerte mir de Gewënner an d'Affiche fir d'Editioun 2024 presentéieren. 👌
Äert Wierk op der 𝗔𝗳𝗳𝗶𝗰𝗵𝗲 𝘃𝘂𝗺 𝗞𝗼𝗻𝘀𝘁𝗳𝗲𝘀𝘁𝗶𝘃𝗮𝗹 𝟮𝟬𝟮𝟰...Klengt dat cool oder wat❓❓ Schéckt eis är Propose eran a maacht mat um Concours. Mir waarden op är Propositiounen. 👀
➡️ info@konstfestival.lu
➡️ Deadline 15/12/2023
➡️ Max 3 Wierker
D'Editioun 2023 vum Open air Konstfestival ass lancéiert 🤩😍 Haut bis 19 Auer Konst, Kultur a Natur pur am Kiischpelt.😎
𝐃'𝐆𝐞𝐰ë𝐧𝐧𝐞𝐫 𝐯𝐮𝐦 𝐋𝐢𝐯𝐞-𝐂𝐨𝐧𝐜𝐨𝐮𝐫𝐬 2️⃣0️⃣2️⃣3️⃣
Gratulatioun un d'Sara Rezette, de Jules Spedener an d'Marielle Diderotto.👏 De Prix de la Commune geet dëst Joer u JMC. Ee grousse Merci all de Kënstler déi matgemaach honn. Déi komplett Resultater fannt Dir an de Rubrik Publikumspräis. Bis d'nächst nächst Joer zu Lellgen😎
Beim Akafe vun de Liewensmëttel probéiere mir ee Maximum lokal a regional anzekafen 🥖🥩🥕, dat grad esou gutt beim Gedrénks wéi beim Eessen. en Deel kënnt direkt vun de Bauerenhäff aus dem Kiischpelt.🥚🧅 Och dëst Joer dréit eise Festival de Label Antigaspi fir Evenementer vum Landwirtschaftsministère. Heibäi geet et drëms d’Liewensmëttelverschwendung op ee Minimum ze reduzéieren. ✅
Gëschter Owend ass d'Editioun 2023 offiziell mam Vernissage vun den Ausstellunge lancéiert ginn. Ee grousse Merci un all d'Kënstler fir dee gelongene Start. 👩🎨👨🎨 D'Ausstellunge sinn op ee Sonndes den 18 a 25 Juni vu 14-17 Auer a natierlich op Nationalfeierdag.🤩
Eng gelongen 31. Editioun vum Konstfestival.☀️☀️ 69 Artisten um Live-Concours, eng variéiert Animatioun a ronn 4.012 Visiteuren, déi den Dag mat erliewt hunn. Ee grousse Merci jidderengem deen zu dësem Erfollig bäigedroen hott! 😍 D'Ofschlossfeier an d'Präisiwwerreechung vum Concours ass muer em 17.00 Auer zu Lellgen. You're welcome 😍
De Konstfestival ass dëst Joer duerch d'Spärung vun der Nordstreck net sou ideal mam ëffentlichen Transport ze erreechen. Et fueren awer all Stonn Ersatzbusser 🚌 🚌 op de Linnen Ettelbréck-Wëlwerwolz a Wëlwerwolz-Ëlwen. Op der Gare zu Wëlwerwolz sti gratis Navette fir Eech bereet. Kommt Dir net mam Zuch, ginn et natierlich och genuch Parkplazen 🅿️.
Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu