Deene Kënstler an Artisten déi net um Live-Concours deelhuele gëtt hei d’Méiglichkeet gebueden hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen. De Maart ass ob déi dofir virgesinne Plazen ausserhalb dem Zentrum vum Duerf begrenzt an d’Verkaafsstänn kënnen och nëmmen op dëse Plazen opgeriicht ginn.
Et handelt sech ëm een ausschliesslich de Konstschaaffende reservéierte Maart an net ëm ee Floumaart. Eng genau Opzielung vu Wueren déi net fir de Maart zougelooss se fannt dir am Reglement.
D'Umeldung fir de Konstmaart ass am Viraus just online méiglich. Dir hutt awer zudeem d'Méiglechkeet Eech den 23. Juni bis 11.00 Auer op der Plaz unzemellen.
Am Kader vum Konstmaart ass am viraus ee Standgeld vun 100€ ze bezuelen. D'Bezuelung kënnt Dir per Paypal, Visa oder Iwwerweisung maachen. D'Umeldung fir de Konstmaart ass erréicht definitiv no Begläichung vun de Standkäschten.