Art Academy

Konstateliere fir Kanner a Jugendlicher.

ënner professionneller Leedung vun Artisten.

Atelier Molerei

Et läit wuel an der Natur vum Mënsch sech schonn als Kand fir Zeechnungen a Molerei z’intresséieren. Op eng Manéier ass et eng Aart a Weis sech fräi an ouni Grenzen ausdrécken ze kënnen. Dobäi ënnerscheeden sech d’Motiver an déi esou entstane Biller jee nom Alter vun de Kanner: versichen déi eng zum Ausdrock ze brénge wat si wëssen, probéieren déi aner rëmzegi wat si gesinn. Hir Duerstellung vu Formen esou wéi Distanzen ass verschidden. an entwéckelt sech iwwerdeems stänneg. Mat senger bekannter Ausso « Ech konnt scho fréi mole wéi de Raphael, allerdéngs hunn ech ee ganzt Liewe laang gebraucht fir nees ze léiere wéi ee Kand zemolen » bréngt de Pablo Picasso et gutt op de Punkt, a wéi wäit d’Molerei vu Kanner immens wäertvoll ass.

Beschreiwung vum Workshop

An dësem Konschtatelier ginn d’Kanner net nëmmen dozou inspiréiert z’experimentéieren, den Zauber an d’Vilfalt vu Faarwe fir sech z’entdecken, si léieren och den Ëmgang mat Techniken an enger ganzer Rëtsch Materialien, déi fir si villäicht nach onbekannt sinn. Iwwert allem steet d’Zil der Kreativitéit fräie Laf ze loossen an esou de kënschtleresche Geescht unzereegen.

Déi am Verlaf vum Atelier entstane Wierker op Toile vun 50x70cm kënne vun de Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni bewonnert ginn. Doriwwer eraus ginn se och bei der Ofschlossfeier, déi den 29. Juni stattfënnt, ausgestallt. Zu dëser Geleeënheet kënnen d’Participante vun de Workshops hiert d‘Wierk mat Heem huelen.

Encadrement Workshop: Sarah Schickes
Datum: 23. Juni 2024 vun 10.30 bis 17.30 Auer
Alterskategorie: 6-12 Joer
Plazen: 15

Atelier Graffiti

Graffiti (och nach Tag genannt) ass ee Sammelbegrëff fir Zeechnungen esou ewéi Beschrëftungen an allméigleche Formen an op de verschiddensten Uewerflächen. Op eng gewëss Manéier existéiert dës Konstrichtung scho säit längst vergaangenen Deeg a seng Wierker enthalen oft entweder politesch oder sozial Aussoen a Kriticken, oder si brénge ganz einfach perséinlech Meenungen zum Ausdrock.

Ze fannen ass Graffiti op Maueren, Zich, Brécken, Toillen, Miwwelstécker etc. D’Konstrichtung entwéckelt sech schëtzeg weider an der kënstleresche Vilfalt si praktesch keng Grenze gesat.

Beschreiwung vum Workshop

Wärend Graffiti fir déi eng definitiv an enger Galerie ausgestallt gehéiert, begéinen aner Leit dëser Konstrichtung éischter nach mat Skepsis. Villäicht ass et genau dëse polariséierenden Aspekt, deen esou ze faszinéiere weess. Ëmmerhi stëft Graffiti op dës Manéier weider dozou un, iwwer Dualitéit an Dualismus an der Konstwelt nozedenken, zwou grondleeënd Thematike bei deenen et duerchaus ganz verschidden Usiichte gëtt.

Déi am Verlaf vum Atelier entstane Wierker kënne vun de Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni bewonnert ginn. Doriwwer eraus ginn se och bei der Ofschlossfeier, déi den 29. Juni stattfënnt, ausgestallt. Zu dëser Geleeënheet kënnen d’Participantë vun de Workshops hiert d‘Wierk mat Heem huelen.

Encadrement Workshop: Daniel Mac Lloyd
Datum: 23. Juni 2024 vun 10.30 bis 17.30 Auer
Alterskategorie: 12-16 Joer
Plazen: 15

Konzept Art Academy

Konstatelieren, déi sech u Kanner riichten, sinn, zanter senger Grënnung, feste Bestanddeel vum Open Air Konstfestival.

Geet deenen enge Kanner de labbere Kader an deem d’kreativ Ateliere vun der Kids Academy stattfannen duer, mécht sech bei deenen aneren ee méi staarkt Interessi un der Konst bemierkbar.

Fir dee Virwëtz ze stëllen, andeems d’Andauchen an ee Konstberäich iwwer e puer Stonnen erméiglecht gëtt, ass 2015 d’Art Academy an d’Liewen geruff ginn. Zanter hir hunn eng sëlleg konstinteresséiert Kanner d’Geleeënheet gehat an d’Roll vun engem Moler, Graffiti Kënstler, Sculpteur an esouguer Fotograf ze schlüpfen.

Obwuel d’Kids- an d’Art Academy allebéid Konstatelieren fir Jonker ubidden, ënnerscheeden se sech duerch d’Aart a Weis vum Encadrement:

Bei de Workshops vun der Art Academy ginn d’Kanner vu (semi-)professionnelle Kënstler, déi deels schonn een Numm an der jeeweileger Konstzeen hunn, deels jonk opstriewend Kënstler sinn, ugeléiert. Als immens flott gëtt och den interaktiven a conviviale Kader vun de jonke Participante wouergeholl. De leedenden Kënstler no, ass et genee déi Atmosphär, déi zu der Léierbereetschaft vun de Kanner bäidréit.

Niewent dem positive Feedback vun de Participanten an de Kënstler, ass et och schéin ze gesinn, datt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vun Ufank un un de Projet Art Academy gegleeft huet a bis haut deementspriechend ënnerstëtzt.

FAQ

Et muss keng erwuesse Begleetpersoun dem Kand wärend dem Workshop zur Säit stoen.

De jeeweilege Kënstler, ënnerstëtzt vun 2 Benevollen, iwwerhëlt d’Encadrement vum Kannergrupp.

Allerdéngs soll sech eng erwuesse Persoun, déi d’Opsiicht vum Kand huet, um Site vum Open Air Konstfestival, also zu Lellgen, befannen.

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

© Open Air Konstfestival asbl | designed by Memory